TouristInfo Atert-Wark

14/05/2018

Den 03. Abrëll huet den TouristInfo Atert-Wark seng Dieren zu Useldeng opgemaach. D’Gerante vum TouristInfo, Carole Thull, freet sech op eng gutt Zesummenaarbecht mat alle Gemengen an aus dem Tourismusberäich fir heemeschen an auslänneschen Tourist*innen d’Regioun méi no ze bréngen.

D’Carole Thull huet 2017 säi Master of Arts an de Mediewëssenschaften an den Gender Studies zu Tréier ofgeschloss. Hatt kënnt gebierteg vun Ettelbréck a wunnt zu Eschduerf, wou et gäre vill a laang mat sengem Hond spadséiere geet a seng nächst Reese plangt.

Wat sinn d’Aufgaben vum TouristInfo Atert-Wark?

D’Haaptaufgab vum TouristInfo Atert- Wark besteet doran d’touristesch Acteuren, d’Gemengen an d’Syndicats d’Initiativë aus der Regioun mateneen ze vernetzen.

D’Ziel ass et den Tourist*innen aus den 10 Gemenge vum Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg ee Rundum-Reeserliefnis ubidden ze kënnen. Dëst schléisst souwuel touristesch Aktivitéiten wéi och d’Iessen an d’Iwwernuechtungsméiglechkeeten mat an; an dat ganzt am Sënn vum nohaltegem Tourismus, deen authentesch fir d’Regioun soll sinn. Den TouristInfo soll d’Ulafstell fir all Mënsch ginn, deen sech iwwert touristesch Erliefnisser aus der Regioun informéiere wëll. D’Qualitéit vun der Offer an dem Service stinn hei am Virdergrond.

Wei wäert d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen an den Acteuren aus der Regioun ausgesinn?

Den TouristInfo soll den Uspriechpartner fir touristesch Iddiën a Konzepter an der Regioun ginn. Et ass wichteg ze verstoen, dat den TouristInfo fir d’Gemengen an d’Acteure schafft. D’Ziel ass eng Hand an Hand-Zesummenaarbecht, déi et erméiglecht d’Besonneschkeeten vun der Regioun ervirhiewen ze kënnen. Just mat sou enger Kooperatioun ass et méiglech deen qualitativ héichwäertegen Service unzebidden, deen mir erreeche wëllen.

Wat begeeschtert Iech un Ärer Aarbecht?

D’Regioun Atert-Wark huet immens vill flott Fräizäit-Aktivitéiten a wonnerschéin Wander- a  Vëlosweeër unzebidden. Et mécht vill Spaß all déi eenzel Offeren ënnert d’Lupp ze huelen an se zu engem  grousse Ganzen ze vernetzen.

D’Konzept vum nohaltegen, luesen Tourismus an der Regioun begeeschtert mech  besonnesch u menger Aarbecht. Nohaltegkeet spillt fir mech privat eng ganz grouss Roll an dowéinst ass et mer och eng Häerzensugeleeënheet den Tourismus an der Regioun am Sënn vun der Nohaltegkeet ze  konzipéieren an ze promovéieren. D’Regioun Atert-Wark bitt sech mat sengen authenteschen touristeschen   Acteuren a wonnerschéiner Landschaft perfekt dofir un.

Das Büro der Touristeninformation Atert-Wark finden Sie im „Millenhaff“ der mittelalterlichen Useldinger Burganlage.

Sie können dort ausführliche Informationen über die Sehenswürdigkeiten der zur Region gehörenden 11 Gemeinden und auch darüber hinaus erhalten.

In enger Zusammenarbeit mit dem Tourismusverband Region Zentrum / Westen und LEADER setzt sich die TouristInfo Atert-Wark für die Entwicklung und Vermarktung von nachhaltigem Tourismus im malerischen Wilden Westen des Großherzogtums ein.

Im TouristInfo erhalten Sie Informationen, Broschüren, Kartenmaterial und individuelle Beratung über folgende Bereiche der Region Atert-Wark.

  • Kulturelle Sehenswürdigkeiten
  • Fahrradtourismus
  • Fahrradverleih auf Anfrage
  • Wandertourismus
  • Aktuelle Veranstaltungen
  • Besichtigungen und Aktivitäten
  • Verkaufsstelle der Luxembourg Card und regionaler Produkte


TouristInfo Atert-Wark
1, am Millenhaff
L-8706 Useldange
T +352 23 63 00 51 -28
touristinfo@useldeng.lu
Facebook: touristinfoatertwark

Öffnungszeiten Büro
Montag - Freitag
10-12 Uhr & 13-17 Uhr
Im Juli und August ist das Büro des TouristInfo’s samstags und sonntags zusätzlich zu diesen Uhrzeiten für Sie geöffnet.