POP4KIDS

14/03/2018

Mëttwochs, den 28. Mäerz 2018 um 18:00 zu Réiden am Festsall vum Atert-Lycée

Säit 2015 besteet tëschent der Réidener Museksschoul an de Maison Relais’en aus dem Réidener Kanton eng ganz flott a gutt Zesummenaarbecht. A reegelméissegen Ofstänn ginn ech an déi verschidde Maison Relais’en fir de Kanner d’Musek méi no ze bréngen. D’Kanner kréien déi verschidden Instrumenter virgestallt, mir sange Lidder, maachen Dänz a Musekspiller.

Zu dësem Initiatiounscours gehéiert all Joers och een Ausfluch an d’Musikschoul. Hei maachen ech de Kanner eng kleng „Visite-guidée“ (dëst Joer duerch dat fonkelneit Gebai um Site vum Atert-Lycée). Si däerfen an d’Klassesäll eraluussen a kréien esou een Abléck, wéi eng Museksschoul „funktionéiert“. Uschléissend un dës Visite kréien d’Kanner nach eng kleng Auditioun vun de Museksschüler op hirem Instrument virgespillt.

D’Maison-Relais Kanner hunn allerdéngs och geschwënn ee groussen Optrëtt: um Concert POP4KIDS.

Insgesamt 90 Kanner hunn sech ageschriwwen, fir bei dësem Projet matzemaachen.

POP4Kids ass ee Volet vun dräi, déi ënnert dem Leader-Projet YOUTH2SING lafen. Déi aner 2 Volet’en heeschen: POP- 4TEENS & MUSICAL4TEENS, ënnert der Leedung vum Andy Loor.

Um POP4KIDS-Concert sangen d’Kanner Pop a Rock-Hits aus deene 4 leschte Joerzéngten. Begleet ginn d’Kanner vun enger Live-Band aus der Réidener Museksschoul. Dës Combo steet ënnert der Leedung vum Pierre Pirlet.

Mëttwochs, den 28. Mäerz 2018 um 18:00 ass et souwäit....

Falls Dir intresséiert sidd kucken ze kommen, oder weider Informatiounen iwwer dës Leader-Projet’en wëllt hunn, da kënnt dir gären eng Mail an d’Secretatiat vun der Réidener Museksschoul: info@emcr.lu schreiwen.

Mat musikalesche Gréiss
Nadine De Lorenzi-Bissen
 

Dir sidd interesséiert?

Musikschoul Kanton Réiden
T +352 23 62 08 76 - info@emcr.lu