Äerdschëffchantier Ahoi!

07/09/2019

Am Juli huet de Bau vum Äerdschëff zu Réiden ugefaangen, wou Volontairen aus der ganzer Welt een autarkt Gebai hëllefen ze bauen. Mir hunn mam Ä-Team geschwat.

Erziel eis eppes iwwer däi Werdegang mat Earthships!

Annick Meiers (AM): Ech sinn säit annerhallwem Joer beim Projet derbäi. Ech hunn Architektur an Urban Design studéiert, hunn eng puer Joer a verschiddenen Architekturs-Büroen geschafft a weess dohier wéi d’Relatioune mat den Entreprisen kënnen organiséiert ginn. Soss sinn ech immens intresséiert un Nohaltegkeet. Ech hunn am Joer 2011 mäi Permaculture Design Course mam Schwéierpunkt Transition Towns zu Kassel gemeet, a sinn duerno och Member vum CELL ginn. Erfahrung mat Volontaires-Projeten konnt ech am Kader vum Food for your Senses Festival sammelen, wou ech selwer Volontaire war a matgehollef hunn.

Rodrigo Vergara (RV): Ech war schonn ëmmer intresséiert um Thema Permakultur an Nohaltegkeet, an sinn dunn duerch main Engagement bei CELL bei de Projet komm.

Mattias Schweizer (MS): Ech sinn 2018 fir ee Joer op Lëtzebuerg komm fir mäi europäesche Fräiwëllegendéngscht an hunn elo bal ee Joer hei mat um Projet Äerdschëff geschafft.

Deborah Binder (DB): Ech hu laang am Project Management geschafft, alles vun Film bis Publicitéit gemeet. Dunn hunn ech ugefaangen fir Associatiounen ze schaffen, a sinn duerch verschidden Ëmstänn op ee Projet a Malawi komm, wou ech als Benevole mam Marketing an der Communicatioun ausgehollef hunn. Do hu si ee grousse Community Centre gebaut am Partenariat mat Earthship Biotecture, däer amerikanescher Firma rondrëm de Mike Reynolds, déi d’Earthships entwéckelt huet. Si haten an där Stad Problemer mam Waasser an hunn dowéinst wollten méi Waasser stockéieren. Wou de Projet eriwwer war, huet de Mike mech gefrot, ob ech fir hie schaffe wéilt. Fir mech ass autarkt a nohaltegt Bauen eppes Natierleches: ech sinn op enger dréche ner kanarescher Insel opgewuess, wou d’Leit säit Joerhonnerte Waasser an sougenannten „aljibles” (arabescht Wuert fir Reewaasser-späicher) stockéieren. Dofir hunn d’Earthships mech direkt ugeschwat. Ech hunn fir d’Associatioun vun Biotecture geschafft: ech war op de Philippinnen nom Taifun Yolanda, a sinn elo onofhängege Consultant.

Wat ass deng Roll am Ä-Team?

AM: Ech maache vill Koordinatioun an Organisatioun, well sou vill verschidden Acteuren am Projet derbäi sinn. Wou ech bei de Projet derbäi gestouss sinn, stungen d’Pläng scho gréisstendeels, mee als Architektin konnt ech hëllefen verschidden Detailer weider z’optimiséieren. Ech fannen et flott, eppes Neies ze schafen an nei Weeër hei zu Lëtzebuerg ze goen.

RV: Ech hu vun Ufank un gehollef, d’Konzeptioun vun de verschiddene Systemer ze maachen, d.h. Waasser, Heize/Killen, Stroum, Kachen, an de Layout. Am Moment organiséieren ech vill um Chantier participatif, a maache Kommunikatioun. Mir sinn ee klengt Team an et gëtt am Moment immens vill Aarbecht, dofir maachen mir all e bësse vun allem.

MS: Et hänkt vum Dag of! Ech schaffe vill un der Kommunikatioun mam Public, mat de Bénévolen iwwer eis Websäit. Ech organiséieren och mam Team de Chantier participatif.

DB: Beim Äerdschëff sinn ech am Projet als Consultant dobäi, fir meng Erfarung mat der Organisatioun vu Chantier’en eranzebréngen. Ech hunn och eng reduzéiert Earthship Crew organiséiert, déi bei de Pneuen hëlleft. Al Autospneuen ginn am Kontext vum Äerdschëff recycléiert an déngen als „Masse thermique” fir d’Temperatur vum Gebai konstant ze halen.

Wat ass en Earthship a firwat ass et fir dech interessant? Wat ass speziell um Lëtzebuerger Äerdschëff?

AM: D’Iddi u sech vun Autarkie ass genial, fir ze kucke wéi wäit dass een domat kënnt, ënner de klimatesche Bedingungen déi een huet! An natierlech fir am Aklang mat der Natur ze liewen. Dat fannen ech am Spannendsten. Hei zu Lëtzebuerg maache mer och vill Récup fir d’Äerdschëff, fir de Leit nees bewosst ze maachen, wéi een ouni grousse Konsum ka liewen.

RV: Fir mech ass dat Interessantst un Earthships d’Autarkie. Den Challenge ass fir hei zu Lëtzebuerg een autarkt Gebai ze hunn wat no sech selwer kuckt. De Projet zu Lëtzebuerg ass een ëffentlecht Gebai, et ass kee Privathaus, et geet méi wäit a punkto Materialien fir méi ökologesch ze sinn, an fir di amerikanesch Earthships weider ze entwéckelen. Ee Beispill ass den Dermoton, dee mir benotzen als Etanchéitéit amplaz vun petrol-baséiertem Plastik. Mir kënnen d’Gebai och eventuell nees zréckbauen am Sënn vun der Economie circulaire.

MS: Ech hu vill geléiert iwwer Earthships: wéi se fonctionnéieren a wéi se gebaut ginn. Ech wousst guer näischt wéi ech ukomm sinn, mee hu mech direkt verléift gehat an Earthships a wollt onbedéngt um Projet Äerdschëff matschaffen. Ech hunn net nëmmen vill iwwer déi méi technesch Aspekter geléiert, mee och vill wat déi sozial Aspekter ubelaangt - wéi Leit zesummeschaffen etc. Wat mir gutt gefällt ass, fir recycléiert Materialien ze organiséieren an d’Logistik dovunner, z.B. Plazen ze fannen fir de Stock. De Projet Äerdschëff ass besonnesch intressant well en ee staarke participativen Aspekt huet, an all méiglech Leit an Acteuren aus Organisatiounen involvéiert sinn, wéi z.B. den Atert Lycée an generell vill begeeschtert Mënschen, déi duerch de Projet zesumme kommen.

DB: Den Äerdschëff Projet hei zu Lëtzebuerg ass immens, an dir hutt dat sou séier ëmgesat, de Finanzement fonnt, d’Autorisatiounen krut. Et ass eng Weiderentwécklung vun Earthships an Europa, et ass een ëffentlecht Gebai. Et wäert hoffentlech d’Architektur an d’Beweegung rondrëm Earthships beaflossen.

Wat wënschs du dir fir de Projet Äerdschëff?

AM: Ech wënsche mir, dass de Projet eng gutt Erfarung fir jidderee gëtt, an dass alles plus minus gutt leeft um Chantier. Ech hoffen och, dass d’Leit duerch d’Erliefnis vum Äerdschëff herno wäerte vill léieren an dass en iwwert d’Grenzen raus bekannt gëtt.

RV: Ech wënsche mir, dass d’Äerdschëff laang bestoe bleiwt an ee Succès gëtt, dass et spannend Synergien mat sech bréngt an zum Ëmdenken am Bauwiesen bäidréit.

MS: Ech wënsche mir, dass d’Äerdschëff fonctionnéiert. Ech well zréckkommen, an da gesinn, dass et mat Liewe gefëllt ass - mat Workshops, Seminären an Aktivitéiten - an och dass d’Systemer gutt fonctionnéieren.

DB: Ech fannen et extrem wichteg, fir Earthships an der Bildung ze benotzen, an hoffen, dass dëse Projet de Kanner (an Erwuessenen) d’Konzepter vun Autarkie a Ressourcen bäibréngen, fir dass mir d’Erausfuerderungen vum Klimawandel an aneren Ëmweltproblemer meeschtere kënnen.

 

Den Interview gouf gefouerta redigéiert vum Katy Fox.

Fir méi Informatiounen, kuckt d’Websäit: www.aerdscheff.cell.lu
Wann Dir wëllt matmaachen beim Bau, oder soss wëllt dobäi sinn, schreiwt op: aerdscheff@cell.lu


CELL - Centre for Ecological Learning Luxembourg
1, Leewelerwee
L-8523 Beckerich
aerdscheff@cell.lu
www.cell.lu