Digitaliséiert Regional Archiven

07/11/2019

An Zesummenaarbecht, a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun de 4 Leader-Regiounen Atert-Wark, Éislek, Mëllerdall a Lëtzebuerg West initiéiert d’ASBL Autisme Luxembourg vu Biekerech am Januar 2020 en ambitiéisen an innovative Projet, de Projet ARNU.

D’Zil vun dësem Projet ass d’Erhale vum kulturellen an historeschen Ierwen duerch Digitaliséierung an Indexéierung vun Dokumenter a Géigestänn a soll all Mënsch den Zougang zu dësen Ënnerlagen iwwer eng digital Plattform garantéieren.

Autisme Luxembourg a.s.b.l., unerkannt als Associatioun vun ëffentlechem Interessi, këmmert sech säit 1981 ëm Leit mat enger Stéierung aus dem Autismus-Spektrum, begleet si an hir Famillen an alle Beräicher vum dagdeegleche Liewen an assuréiert eng Abberzuel u Servicer, déi un déi speziell Besoine vun dëse Leit adaptéiert sinn.

Säit 2010 huet Autisme Luxembourg a.s.b.l. villerlee Aktivitéiten am informatesche Beräich geschafen, dorënner en Atelier, dee sech ëm d’Gestioun vun digitalen Dokumenter këmmert. Dësen Atelier forméiert a beschäftegt haaptsächlech jonk Erwuessener, déi vun Asperger Autismus betraff sinn, a grouss Kompetenzen an de gefuerderte Beräicher un den Dag leeën. Schonn haut realiséiert den Atelier „Back-Office” eng grouss Panoplie un Digitaliséierunge wéi zum Beispill Diaen a Fotoen, Zeitungen a Bicher wéi och VHS Videokassette fir Privatleit, Firmen an Associatiounen an assuréiert aktuell d’Digitaliséierung vum Gebuerteregëster fir eng Rei vu Lëtzebuerger Gemengen, ënnerschiddlech Dokumenter fir den National Archiv (Archives Nationales de Luxembourg) an de nationale Geschichtsmusée (Musée national d’histoire).

Zil vum Projet ARNU ass et eng laangfristeg Archivéierung vun digitale Kopië vun Dokumenter an Objeten aus dem lokalen a regionalen Ierwen ze garantéieren an dës engem breede Publikum vu Leit, déi sech fir eis historesch a kulturell Geschicht interesséieren, op einfach Aart a Weis zougänglech ze maachen.

Ab Januar 2020 steet an den Atelieren zu Useldeng eng Equipe bereet fir all Demande un Digitalisatiounsaarbechten an enger éischter Period vun 2020 bis 2021 nozekommen an ze realiséieren. Dës Aarbechte gi vun héich qualifizéierte Professionellen, mat der Ënnerstëtzung vu jonken Erwuessene mat enger Stéierung aus dem Autismus-Spektrum, realiséiert.

Nodeems déi informatesch Plattform fir de Stockage an d’Ofruffe vun den digitalen Dokumenter operationell ass, proposéiert Autisme Luxembourg a.s.b.l. jiddwer Interesséiertem am Kader vun engem virdefinéierte Budget e gratis Digitalisatiounsservice fir déi 4 Lea-der Regiounen (opmannst wärend der Projetsphas vun 2 Joer). All Persoun, lokale Veräin, Geschichts- oder Kulturkommissioun déi drun interesséiert ass Dokumenter, Ënnerlagen oder Géigestänn vun historescher a kultureller Wichtegkeet fir eis Groussregioun ze digitaliséieren an z’archivéieren, kann dovunner profitéieren.

De Koordinator vum Projet këmmert sech drëm weider Partnerschafte mat de betraffene Parteien aus deene 4 Leader-Regiounen op d’Been ze stellen, mam Zil d’Digitaliséierung an d’Verbreedung vun den Informatiounen nach weider ze perfektionéieren.

Am Prinzip ginn d’Ënnerlage klasséiert, uschléissend digitaliséiert an indexéiert fir, nodeems d’Fro vun de Notzungs- an Verëffentlechungsrechter gekläert ass, engem méiglechst grousse Publikum en einfachen Zougang zu dësen digitalen Dokumenter ze garantéieren.

No der Projetsphas vun 2 Joer wäert Autisme Luxembourg a.s.b.l. dëse Service och weiderhin géint Bezuelung ubidden. Och d’Fleeg vun der informatescher Plattform wäert weiderhin duerch si garantéiert ginn.

Duerch de Projet ARNU ass daat historescht a kulturellt Ierwen an noer Zukunft mat engem Klick fir jiddwereen zougänglech!

Ab Januar 2020 ginn an deene 4 Leader-Regiounen Informatiouns-versammlungen organiséiert fir den interesséierte Persounen a lokalen a regionalen Associatiounen d’Méiglechkeeten an d’Viirdeeler vum digitalen Archivage ze weisen an z’erklären.

D’Datumer vun dëse Versammlungen gi rechtzäiteg kommunizéiert.

Avis aux amateurs!

 

AUTISME Luxembourg a.s.b.l.
1, Jos Seyler Strooss
L-8522 Biekerech
T 26 62 33-1
vincent.brack@autisme.lu
www.autisme.lu