Slow reesen am wëlle Westen

16/07/2020

Mir gi slow – D’Konzept vum Slow Tourismus an der Regioun Atert-Wark. Vum sougenannte „Slow Tourismus“ héiert a liest een ëmmer nees. Mee wat genau stécht hannert dësem Begrëff a wéi wëlle mir, als Regioun Atert-Wark, dëst Konzept bei eis ëmsetzen?

Sech Zäit huelen, a sengem eegenen Tempo reesen, bewosst genéissen an intensiv erliewen. All dës Begrëffer sti fir d’Konzept vum „Slow Tourismus“, mat deem mir eis als Rees-Destinatioun Atert-Wark identifizéiere wëllen. Mir wëllen eise Besicherinnen a Besicher Entspanung amplaz vun Uspanung bidden, Erhuelung amplaz vu Leeschtung. Mir schaffen dorops hin, authentesch a nohalteg Openthalter bei eis an der Regioun unzebidden, bei deenen eis Gäscht ofschalten a sech eng Paus vum Alldags-Stress gënne kënnen. Si sollen d’Méiglechkeet kréien, eis regional Kultur kennen a verstoen ze léieren. Dëst mat Hëllef vun eisem historesche Patrimoine, esou wéi eise ville charmante Legenden a Seeërcher.

D’Konzept vum „Slow Tourismus“ passt perfekt an den typesch ländleche „Wëlle Westen“ mat senger idyllescher Natur, dee vun innovativen a nohaltegen Iddi’en a Projet’en gepräägt ass. De Kanton Réiden an d’Gemeng Mäerzeg lueden zum Entspanen an Entschleunegen an. Eis Touristenzilgrupp ass op der Sich no neien Andréck, regionale Partikularitéiten an authenteschen Erliefnesser. 2019 gouf am Kader vum LEADER-Projet „Slow Tourismus Atert-Wark 360°“, an Zesummenaarbecht mat der éisträichescher Tourismusmarketing-Agentur „Saint Elmo’s“, ee Leitfade fir d’Tourismusentwécklung vum „Wëlle Westen“ am Guttland ausgeschafft. An aktuell schaffe vill engagéiert professionell a fräiwëlleg Acteuren un enge sëllege Projet’en fir d’Konzept vum „Slow Tourismus“ bei eis ëmzesetzen.

Mir sinn och transnational am Verbond mat anere Regiounen an Europa „slow“ ënnerwee am Projet SlowTrips

Eise Gäscht besonnesch, authentesch an nohalteg Erliefnisser bidden, dat ass d’Zil vun dësem transnationale LEADER-Projet. Zesumme mat engagéierte regionale Partner schafft den Tourismusverband Zentrum/Westen un der Entwécklung vun attraktive SlowTrips-Offeren. Nieft den Acteuren aus Lëtzebuerg bedeelegen sech och Regiounen aus Italien, Éisträich, Däitschland, Litauen a Schweden un dësem Projet. D’Philosophie vun den ausgeschaffte „SlowTrips“-Offere besteet aus extra op d’Destinatiounen ugepasste Wäerter, wéi dem Kontakt zur lokaler Bevëlkerung, dem Geschichten-Erzielen an der Erfarung, zesummen eppes ze léieren.

Dir braucht Iech och net méi all ze laang gedëllegen, éier Dir déi éischt „SlowTrips“-Erliefnisser bei eis an der Regioun erliewe kënnt. Am Fréijoer 2021 nämlech wäerten déi éischt Offere reservéiert kënne ginn. Wéi eng vun eise flotten touristesche Sitten hei matmaache wäerten, bleift de Moment nach ee Geheimnis. Dir hutt jiddefalls eppes, wourop Dir Iech nächst Joer an doriwwer eraus freeë kënnt!

Een Abléck an dëse flotten europäeschen Projet kritt Dir um Site www.slowtrips.eu (voraussichtlich ab Mitte August mit neuem Layout online). An enger éischter Phase kënnt Dir do déi verschidden Partner-Regiounen entdecken. An enger 2. Phase wäerten da konkret Offeren um Site ze gesinn a buchbar sinn.

Kuerz Qualitéitswanderweeër – Slow spadséieren

Entspaant Spadséieren amplaz vun ustrengendem Wanderen. Zesumme mam LEADER Atert-Wark, LEADER Lëtzebuerg West a weidere regionalen Acteure schafft den Tourismusverband Zentrum/Westen un engem Konzept fir kuerz Qualitéitswanderweeër bei eis an der Regioun. Am Géigesaz zu aneren touristesche Regiounen a Lëtzebuerg, wëll d’Guttland sech net mat engem längere Qualitéitswanderwee vu méi Etappe vermaarten. Mir passen eis Wanderweeër un eis Haaptzilgrupp un, a leeën de Fokus op kuerz Spadséierweeër, déi fir all naturbegeeschtert Persoun eng Paus vum Alldagsstress verspriechen.

Heifir ginn eis bestoend Wanderweeër unhand vun engem ausgeschaffte Krittärekatalog opgewäert, an eng kleng Rei ausgewielte Weeër soll vum Europäesche Wanderverband als Qualitéitswanderweeër ausgezeechent ginn. Domadder kann d’Regioun Guttland sech mat dësem Projet als Pilotregioun fir een europäesche Label „Leading Quality Daywalks – Best of Europe” recommandéieren.

Ären Dagesausflich an der Natur wäert also näischt méi am Wee stoen an Dir kënnt Tech op flott inszenéiert Spadséierweeër an eiser Regioun freeën.

KLEVER – Slow iwwernuechten

Nieft eisen „Slow“-Erliefnisser, wëlle mir eise Gäscht och „Slow“-Iwwernuechtungen ubidden. Dowéinst gouf dëst Joer och ee neie LEADER-Projet gestart, bei dem d’Regioun Atert-Wark un engem Konzept schafft, fir „Kleinvermieter“ bei eis an der Regioun z’ënnerstëtzen. Scho bestoend touristesch Hebergementer a nei Projet’en déi entstinn, gi betreit an ënnerstëtzt an hirer Vermaartung. D’Zil ass mindestens 10 där „Slow“-Hebergementer bei eis an der Regioun aktiv bewerben ze kënnen.

Dir hutt selwer Loscht Tech am touristeschen Twwernuechtungsberäich selbststänneg ze maachen? Dann zéckt net, den TouristTnfo Atert-Wark ze kontaktéieren, fir weider Tnfor-matiounen ze kréien. Mir si gär fir Tech do!

SlowMo – Slow Mobilitéit

Fir de „Slow“-Openthalt ofzeronnen, schaffe mir un engem Konzept, deen et eise Gäscht, an och Awunner erlaabt, sech sécher a flexibel mat doucer Mobilitéit an eiser Regioun beweegen ze kënnen: stressfräi un- an ofreesen, sech mam ëffentlechen Transport, mam Vëlo an ze Fouss an der Regioun vun A op B deplacéieren, a sech keng Gedanken ëm säi Gepäck oder seng Réckrees maache mussen.

Mir wäerte versichen Tech an eise Gäscht dee perfekten Openthalt am Guttland ze bidden.
Wéi Dir liese kënnt, si mir mat vollem Enga¬gement am Gaang, eis Regioun touristesch weider opzebauen. Nieft den uewegenannte Projet’en, wäerten Tech an den nächste Méint a Jore weider flott „Slow“-Offere begéinen, déi et Tech erlabe wäerten, eis Regioun aus engem anere Bléckwénkel kennenzeléieren.

Guided Summer Tours 2020

Entdecken Sie die geführten Sommer-Besichtigungen in der Region Atert-Wark, organisiert vom regionalen Tourismusverband Zentrum/ Westen Luxemburg in Zusammenarbeit mit den Akteuren vor Ort!

  • Während der Sommersaison vom 20. Juli bis zum 29. August
  • Kostenlose Teilnahme
  • Anmeldung wegen der COVTD-19 Pandemie obligatorisch: info@visitguttland.lu T +352 28 22 78 62
  • Das ganze Programm und weitere Tnformationen unter www.visitguttland.lu

Entdeckt eis nei Websäit!

Loosst Tech inspiréieren, wat Dir alles bei eis an der Regioun entdecken an ënnerhuele kënnt an entdeckt eis Servicer, wéi d’Locatioun vun eise Pedelec E-Bikes an eise flotte kleng Shop mat regionale Produiten! www.visitatertwark.lu

 

TouristInfo Atert-Wark
1, am Millenhaff
L-8706 Useldange
T +352 23 63 00 51 28 info@visitatertwark.lu


Ëffnungszäiten
Méindes-Freides:
10h-12h & 13h-17h

Am Juli & August ass eise Büro weekends zu den selwechten Ëffnungszäiten fir Tech op.
Eis Ëffnungszäite gëllen nëmme wann d’Situatioun em de Covid-19 et erlaabt