BekiPay elo disponibel!

06/01/2022

De Beki ass bekanntlech eng clever Method fir d’nohalteg Entwécklung vum Kanton Réiden ze fërderen, well en eng Kettereaktioun u lokalen Akeef ausléist. Wien mat Beki bezuelt gëtt, gëtt se weider bei anere lokale Betriber am Kanton Réiden aus. Esou ginn déi positiv Effekter vum lokalen Akafe multiplizéiert an den Impakt vun all Eenzelem gëtt verstäerkt.

Allerdéngs, an eng Bank ze goe fir Beki ze kréien, dat war ville Mënschen ze ëmständlech. Eng weider Hürd fir Beki ze benotzen, war och, dass vill Mënschen net gäre Boergeld mat sech rëmdroen. Et   goufe keng Beki Konten, also konnt et och kee mat Konte verbonnenen digitale Bezuelsystem ginn. Mä déi Problemer sinn elo geléist: mat der BekiPay Bezuel-App kënnt Dir Iech elo ee Beki Konto uleeën a bequeem digital mat Beki bezuelen!

Nach ni war et esou einfach, seng lokal Gemeinschaft an de lokale Commerce ze fërderen an d’Ëmwelt ze schützen. Ee klenge Geste – ee groussen Impakt!
Eng Lëscht vun de Betriber bei deenen Dir elo schonns mat BekiPay bezuele kënnt, gëtt op beki.lu aktualiséiert.