BekiPay - De Beki gëtt Digital!

06/12/2020

Et soll ee weidere Meilesteen fir eis regional Wärung ginn: Een digitale Beki an enger Smartphone App.

Grad elo, wou vill lokal Betriber wéinst dem Coronavirus an den domadder verbonnene Mesure Schwieregkeeten hunn, ass et nach méi wichteg si ze ënnerstëtzen, andeems ee mat Beki bezilt. Fir Iech dëst an Zukunft nach méi bequem ze maachen, bréngt de Beki Veräin De Kär deemnächst een digitale Beki a Form vun der Beki Smartphone App BekiPay eraus. Am Februar 2021 soll et souwäit sinn.

Méi praktesch fir Privatnotzer

Dir braucht net méi op d’Bank ze goë fir Beki ze kréien. Andeems Dir eng Iwwerweisung un „De Kär” maacht, kritt Dir digital Beki op Äre Smartphone geschéckt. Mat deene wäert Dir am Buttik kontaktlos bezuele kënnen, andeems Dir ee QR-Code scannt. Dir wäert och iwwer BekiPay anere Persoune Beki schécken oder vun hinne geschéckt kréie kënnen.

Betriber: Zäit- a Geld spueren

Betriber wäerten iwwert hire Smartphone oder Computer Rechnunge verschécken a bezuelt kréie kënnen.Betriber wäerten exklusiv kënne vun enger weiderer Funktioun vu BekiPay profitéieren: Een IOU (I owe you) Bezuelsystem, bei deem Betriber sech ënnertenee Kredit-linnen araumen a mat IOUs, also Scholdschäiner bezuele kënnen. Dëst spuert, respektiv verschaaft Liquiditéit.

Maximal Sécherheet:

Den digitale Beki ass kryptéiert an op enger Blockchain ge- späichert, sou dass een eigentlech vun engem Krypto-Beki schwätze muss. Dëst garantéiert eng maximal Sécherheet.An iwwregens, mat BekiPay wäert ee kontaktlos bezuelen. Dat wäerten an dësen Zäite sécher vill Mënsche begréissen.

BekiPay: Méi wéi eng normal Bezuel-App

Den digitale Beki gëtt an Zesummenaarbecht mat Sikoba entwéckelt. Do-duerch gëtt den digitale Beki méi wéi eng reng technologesch Innovatioun. Betriber wäerten zousätzlech dee vu Sikoba entwéckelten IOU Bezuelsys-tem notze kënnen. Heibäi kënnen si sech géigesäiteg Kreditlinnen araumen an dann ënnertenee mat Beki-IOUs bezuelen. De System fënnt déi zirkulär Kreditter déi sech géigesäiteg ophiewen a sträicht se dann. De Bedarf no Geld gëtt doduerch reduzéiert an d’Wueren an Déngschtleeschtunge kënne fléissen. Ee Geldsystem deen sech tatsächlech dausende Jore bewäert huet, awer duerch d’Opkomme vu Bankgeld verdrängt gouf, gëtt heimat un d’21. Joerhonnert adaptéiert.

De Kär a.s.b.l.
103, Huewelerstrooss
L-8521 Beckerich

23 62 21 847 / 691 888 295
info@beki.lu
www.beki.lu