„Eleng gi mir méi séier, zesumme gi mir méi wäit!“

11/01/2023

Vibrerlocal.lu, déi alternativ Plattform fir Partizipatioun & Crowdfunding

Vibrerlocal ass e Projet, deen 2014 vum Laurent Roussel am Québec an d’Liewe geruff ginn ass, dat an Zesummenaarbecht mat sengem Brudder Pascal, deen zu Lëtzebuerg am Finanzsekter aktiv wor an haut och nach ass. Et ass hier Äntwert op 3 Problemer, op déi déi Leit stoussen, wa se e Projet ëmsetze wëllen:

ISOLATIOUN

D’Leit hunn Iddien a Projeten, fille sech awer eleng fir se auszeféieren. Si sinn net ëmmer vum „richtegen“ Netzwierk ëmginn, déi se ënnerstëtze kéinten.

INAKTION

D’Leit zécke fir ze handelen, si hunn Ängscht, Zweifel oder souguer Schwieregkeeten fir sech z’organiséieren.

ËNNERFINANZÉIERUNG

Et ass dacks schwéier finanziell Mëttelen ze fannen fir e Projet unzefänken.

Als Léisung op dës Erkenntnisser, huet d’Entwécklung vun enger lokaler online Plattform ugefaang, déi Treffen, Aktiounen, Schafe vu Projeten a Mikrofinanzéierungen erliichtert: vibrerlocal.com, a méi spezifesch fir d’Leit aus Lëtzebuerg via vibrerlocal.lu.

Dëse kompletten an innovative Projet gouf Schrëtt fir Schrëtt a gewëssenhaft opgebaut. Wärend dëser schéiner Rees haten d’Cheffe vum Projet „Vibrerlocal“ de Privileg, de Fons Jacques vum „LEADER-Büro Atert-Wark“ an de Max Hilbert vun der A.s.b.l. „De Kär“ ze begéinen, déi allebéid vun der Visioun a vun der Mikrofinanzéierung iwwerzeecht woren.

Esou koum et dozou, datt virun 2 Joer „Vibrerlocal“ um transnationale LEADER-Projet „Crowd4Region“ deel- geholl huet. Wärend dëser enker a waarmhäerzeger Zesummenaarbecht ass un der Entwécklung vun engem neie Modul fir Mikrofinanzéierung geschafft ginn. Dëst erlaabt ët nët nëmmen de Bierger an den Associatiounen eng Demande fir Mikrofinanzéierungen ze maachen fir hir Projeten unzekierpen (an enger éischter Phase mat bis zu 5.000 €), mee och, datt Interessenten Donen an Euro oder Beki maache kënnen fir ze hëllefen.

Max Hilbert, Gérant vum Beki: „Et ass schon eng Zäit hier, datt d’Geschwëster Laurent a Pascal Roussel mech kontaktéiert haten, well si sech fir d’Regionalgeld Beki interesséiert haten. Zanterhier si mir sporadesch a Kontakt bliwwen. No laange Recherchen a villen Treffe mat anere lokale LEADER-Aktiounsgruppen an Europa am Kader vum LEADER-Projet „Crowd4Region“, hunn de Manager vum LEADER AtertWark, Fons Jacques an ech festgestallt, datt hir Plattform „Vibrerlocal“ fir Co-Kreatioun dat ideaalt Instrument ass, fir de Crowdfunding am ländleche Raum ze verankeren. D’Kontakter hunn sech zanterhier dermoosse verstäerkt, datt de Laurent decidéiert hat, Kanada ze verloossen, fir hei am Kanton Réiden d’Associatioun „Vibrerlocal“ ze grënnen! Natierlech wäert och d’Méiglechkeet bestoen, e Crowdfunding digital an der aktueller Phase iwwer d’App Bekipay ze lancéieren.“

D’Associatioun „Vibrerlocal a.s.b.l.“ huet säi Sëtz zu Biekerech a gëtt vun de mëttlerweil dräi „Musketiere“ verwalt: Laurent Roussel, Vincent Villers a Pascal Roussel, déi fir d’Gestioun vun der Plattform a fir d’Operatiounen an Zesummenhang mat der Mikrofinanzéierung verantwortlech sinn.

Vibrerlocal.com & .lu ass online, funktionnéiert ouni Reklamm an huet scho bal 1.300 Memberen, verdeelt iwwer Kanada, Frankräich, Schwäiz, Belsch a Lëtzebuerg. Méi wéi honnert Projete goufen iwwer d’Plattform initiéiert. An dat ass just den Ufank! Viru kuerzem huet de Kanton Réiden mat sengem Service „Pakt vum Zesummeliewen“ éischt Projete iwwert dese Site lancéiert.

Karsten Kuepper, Koordinator vum Pakt vum Zesummeliewen Kanton Réiden: „Vibrerlocal schaaft ideal Konditiounen fir d’Zesummenaarbecht vun eise verschiddenen Integratiounskommissioune vum Kanton Réiden. Et erlaabt zesumme Projeten op d’Been ze stellen an eis Erfahrungen auszetauschen. Dat féiert zu Synergien an hëlleft eis erfollegräich Konzepter vun enger Gemeng op déi aner unzepassen. A vläicht an der Zukunft kënne mir souguer méi wäit goen a probéieren eis finanziell Méiglechkeeten auszebauen, dank dem Crowdfunding Modul, deen an der Plattform „Vibrerlocal“ ugebuede gëtt.“

D’Equipe „Vibrerlocal“ ass frou Iech matzedeelen, datt ab September de Site an 3 Sproochen disponibel ass: Franséisch, Däitsch an Englesch. Et ass och geplangt, fir déi éischt Mikrofinanzéierungsprojeten ze testen! Nieft Projeten an der Regioun AtertWark, fërdert „Vibrerlocal“, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Atert (B) och d’Rehabilitatioun vun der fréierer Auberge du Val d’Attert. D’Zil ass et fir hei am Atertdall eng multidisziplinär Plaz (Restauratioun, Zesummeliewen & Co-Kreatioun) an d’Liewen ze ruffen, wou béid Nopeschlänner sech begéinen.
Daat wäert Iech net entgoen!

Tatsächlech gëtt dëse Summer an um Ufank vun der Rentrée eng Equipe mobiliséiert, fir de Porteure vun de Projeten bei der Promotioun vun hire Mikrofinanzéierungscampagnen ënner d’Äerm ze gräifen. Ënnerstëtzung op Social Media ass och geplangt. Eng national Pressekonferenz ass fir November geplangt!


Vibrerlocal ASBL
6, Jos Seyler Strooss
L-8522 Beckerich
T 691 204 858
info@vibrerlocal.com
www.vibrerlocal.lu