Inklusive Chouer All Together - Komm a sang mat!

24/01/2024

De LEADER-Grupp Wëlle Westen laut déi nei LEADER Period an d'Joer 2024 musikalesch an, mam flotte Projet "All Together" vun der Fondation EME, déi fir hire 15. Anniversaire d'Freed um sange mat esou ville Leit wéi méiglech deele wëll!

Du wëlls bei dësem flotte Projet dobäi sinn? Jiddereen de gäre séngt ass wëllkomm!

D'Prouwe fannen all zweeten Dënschden (20.02.2024, 05.03.2024, 19.03.2024, 26.03.2024 ,09.04.2024,23.04.2024, 07.05.2024, 21.05.2024, 04.06.2024 ) vu 16h30 - 18h00 bei Op der Schock zu Réiden/Atert statt

Fir dech unzemellen, klick op www.alltogether.lu wou s du och méi Informatiounen zum Projet an zu der Fondation EME fënns.