A'Musée - Kanner Musée Lëtzebuerg asbl op der Sich no Nowues

09/07/2017

Amusement am Musée. Dohir de Numm A’Musée. E Konzept wat elo 12 Joer am Déngscht vun de Kanner funktionnéiert huet, an elo seng Zukunft plange muss! D’Ekipp A’Musée vun Useldeng stéisst un de Limite vun hire Kapazitéiten, a mécht dohir en Opruff am Kanton un all de Bierger, déi interesséiert sinn un héichwäert pädogesch Projeten a fir déi de Jonken och an Zukunft kënne méi no ze bréngen.

Wien oder wat ass A’Musée?

Sech am Musée amuséieren! Dat ass den Objektiv vum A’Musée. D’Kanner sollen hei op eng lieweg Aart a Weis, d’Welt ronderëm sech entdecken, op neie Weeër léieren an iwwert dem Wee vun der Kultur de Kulturen méi no kommen.

Sou huet alles ugefaagen

T’huet alles 2003 ugefaange mat eiser Ekipp, déi sech wöchentlech getraff hat, fir no flotte Pro - jeten ze siche fir déi jonk Matbierger. T’sollten Aktivitéite sinn, déi ureege fir sech dran ze verdéiwen, déi fiirwerfzeg maachen an dat Kreatiivt aus engem erauskiddelt.

2 Joer drop sinn eis Iddie mat deene vun der Gemeng Useldeng an dem Service des Sites et Mo - numents Nationaux verschmolt. Dorausser entstanen: D’Konzept vum A’Musée, eng Plaz wou Jonker sech amuséieren, houfreg op hir gemeinschaftleche Kreatioune sinn, an esouguer d’Méiglechkeet kriten, hir Obje - ten am Musée auszestellen. Esou ass dann och de Slogan vum A’Musée entstanen: ”Eng Plaz fir Dreem a Kreativitéit“.

Phase vun der Emsëtzung

Du goung et lass mat der Ëmsetzung! De pädagogesche Projet opbauen, en Internetsite lancéieren, sech mat verschidden Themen ausernee setzen a verdéiwen, Budgetsfroë klären,

Material organiséieren, Fonge schafen, Promotiounsaarbecht leeschten, Kontakter mat anere Muséeë knäppen, en Ënnerdaach an der Buerg zu Useldeng schafen, administrativ Aarbechte reegelen, Partner an Animateure fannen, Spiller entwéckelen, jee...et war eng Jett ze dinn ier ee konnt lassleeën.

Am Fokus: 3 Schwéierpunkten: d’Mëttelalter – Märercher – Kreativ Fräiheet.

D’Thema Mëttelalter gëtt duerch de 5 Sënner an de 7 Intelligenzformen un déi Jonk vermëttelt, nom Konzept ”deep slow learning“. A’Musée huet dozou, bis 2011 Stage vun enger Woch proposéiert iwwert Kalligraphie, Steemetzeren, Heraldik, Mëttelalterspiller, Kréinungsmoolzéchten, faarweg Kierchefënsteren.

Den Deel Mäerchebicher ass am A’Musée breetgefächert. Hei si Geschichtesammler aktiv, déi sech der kollektiver Phantasie verschriwwen hunn, an reegelméisseg Besuch vun de Marionette kréien. Hei ginn et nitt nëmme Stage fir Kanner, mä och thematesch Woche fir Schoulklassen, Konfektiounateliere fir Grouss a Kleng esou wéi och Formatioune fir Erwuessener.

Fir den Deel Kreativ Fräiheet huet den A’Musée eng Jett Ateliere gemaacht, dat fir ronn 10 Clienten aus dem privaten an dem ëffentleche Secteur, dat fir iwwer 5.000 Kanner!

Pläng fir d’Saison 2017

Fir dëse Summer sti weider Projeten um Programm:

Eng interaktiv faarweg Visite, Schnitzeljuegd, eng Formatioun Mäerchebicher an en Atelier ‘Ra - conte toi! Et stinn europäesch Zesummenaarbechte virun der Dir, eng mam Réidener Jugendtreff ronderëm d’Thema Marionetten an eng mat Finnland ronderëm d’Thema ”Outsider Kënschtler“.

Manpower fir d’Zukunft vum A’Musée

Wéi der feststellt, ass vill ze dinn, deemno si Dir häerzlech Wëllkomm eng Hand mat unzepaken! Interesséiert ? Mellt Iech bei eis. Mir sichen aktiv Memberen, Chef de Projet, Animateuren, ..., déi sech fir déi kulturell an déi län - dlech Entwécklung an eiser Regioun interesséieren an déi och virun z’entwéckelen. Bréngt Iech mat an!

A’Musée freet sech op Iech.

 

A’MUSÉE A.S.B.L.
Bénédicte de Gruben
Michèle Geimer
Guido Wolff

T+352 691 85 45 04
info@amusee.net
www.amusee.net