Loost är historesch a kulturell Dokumenter, déi vu lokalem a regionalem Interessi sinn gratis digitaliséieren a schützen!

16/07/2020

Projet ARNU – Archives Régionales Numérisées

Dir sidd eng Associatioun, déi aktiv ass an der Recherche an am Erhalt vun Dokumenter bezüglech dem historeschen a kulturellen lokalen a regionalen Ierwen (z.B. Geschichtsfrënn, Fotoclubs, kulturell Associatiounen...),

  • Dir sidd Member vun enger berodender Kulturkommissioun an enger Gemeng,
  • Dir sidd aktiv an engem Musée, deen iwwer Kollektiounen vu lokalem a regionalem Interessi verfüügt,
  • Dir sidd e Bierger, dee passionéiert an implizéiert am Erhalt vum kuturellen an historeschen Gediechtnes vun ärer Regioun ass (Fotograf, Modellbauer, Chercheur, Historiker, Dokumentalist, Sammler, Konschthandwierker, Architekt...),
  • Dir besëtzt Dokumenter (Fotoen, Videoen, Filmer, Diaen, Bicher, Revuen, Bulletinen, Postkaarten, aner Objekter), déi charakteristesch sinn fir eng Epoch, e Brauch oder eng al lokal Traditioun, typesch oder spezifesch lokal Evenementer aus ärer Regioun, d’Geschicht vum Handwierk an der lokaler Industrie ...

... dank dem Projet LEADER „ARNU“ kënnt Dir haut gratis ob professionell a spezialiséiert Ënnerstëtzung an der Digitaliséierung an am laangfristegen Erhalt vun ären Donnéeën, Dokumenter an Objekter vun historeschem a kulturellem Interessi zielen.

De Projet „ARNU“ gouf vu 4 LEADER-Regiounen aus Lëtzebuerg initiéiert (Atert-Wark, Éislek, Mëllerdall a Lëtzebuerg West). Dësen innovative Projet ass fir 2020 an 2021 virgesinn a gëtt cofinanzéiert vun der Europäescher Unioun (FEADER), dem Lëtzebuerger Staat (Landwirtschaftsministère) an alle Gemenge, déi Member vun de verschiddenen lokalen Aktiounsgruppen (GAL) sinn.

Dëse Projet stëmmt sech och mam Ser¬vice de la coordination générale de la stratégie numérique du patrimoine culturel national vum Kulturministère of.
Den Träger vum Projet ass Autisme Luxembourg a.s.b.l., eng Associatioun déi schonn aktiv am Beräich vun der Digitaliséierung an der Archivéierung ass, besonnesch fir verschidde Gemengen an national Institutiounen.

Dokumenter an Ënnerlagen, privater oder ëffentlecher Natur, déi fir Digitaliséierung proposéiert ginn, mussen vu kollektivem a lokalem Interessi sinn. Eligibel sinn all Sujeten, déi eng Spuer vu Gemeinschaftsliewen obweisen an den nokommenden Generatiounen sollen erhaale bleiwen.

Si ginn enger qualitativer a quantitativer Selektioun ënnerzunn fir beschtméiglech der Dimensioun vun ëffentlechem Interessi Rechnung ze droen an e Maximum vu Projeten an der Pilotphase LEADER ze berücksichtegen.

Den Digitaliséierungsprozess gëtt no den internationalen Standarden an no den recommandéierten Normen vun den nationalen Operateuren realiséiert, déi aktiv an de verrschiddene Beräicher vum Erhalt vum kulturellen an historeschen Patrimoine sinn. Spéiderhin kënnen déi digitaliséiert Donnéeën an déi national wéi och europäesch Datebanken technesch integréiert ginn.

Déi digitaliséiert Donnéeë ginn dem Antragsteller elektronesch op engem physische Support oder an digitaler Form zur Verfügung gestallt. Um Enn vum Projet ginn nei Digitaliséierungsservicer op Basis vun engem préférentiellen Bezuel-Service ugebueden, fir datt d’Finaliséierung vun all gréisseren Opdrag, dee scho während der Pilotphase vum Projet ageleet gouf, sécherzestellen.

Demnächst ginn an all Regioun zousätzlech ëffentlech Informatiounssëtzungen iwwer de Projet organiséiert. Äre regionale LEADER-Büro kann Iech iwwer Datum an Uert vun dëse Sëtzungen in-forméieren. Avis aux amateurs!


AUTISME Luxembourg Asbl
Atelier de digitalisation “Back-Office”
1, am Trëmel
L-8706 Useldange
Tel: 266 233 54
christian.coiffard@autisme.lu
www.autisme.lu